Den Zuch vu Waasserbëlleg op Lëtzebuerg war grad an d'Gare zu Éiter eragefuer, wéi de Schaffner Leit op de Schinne gesinn huet. Nodeems hien déi Jugendlech opgefuerdert huet, dës aus Sécherheetsgrënn ze verloossen, sinn déi op de Mann duergelaf an hunn ouni Grond op hien ageschloen.