Simuléiert gouf e Groussbrand, den Eeschtfall geprouft. Tëscht 18 an 19.30 Auer ass eng Evakuatioun duerchgespillt ginn, dat wéinst engem fiktive Groussbrand. Zil wier et gewiescht, dass d’Ekippe wéissten, wéi ee bei engem richtege Feier soll reagéieren.
De ganzen Exercice hat keen Impakt op d’Fonctionnement vum Spidol, esou déi Responsabel vum CHEM.
Virun allem bei Spideeler ass et wichteg, datt d’Ekippen am Fall vun engem Brand séier a koordinéiert reagéieren, fir d’Patienten z’evakuéieren, wéi den CHEM an engem Schreiwes zum Exercice erkläert. Un der Übung waren nieft 40 Pompjeeë vum CIS Suessem-Déifferdeng an dem Groupement d’Intervention et de Secours vum CHEM 28 “figurativ Patienten” bedeelegt.
Dës waren op der drëtter Etage am Nidderkuerer Spidol placéiert, fir evakuéiert ze ginn. Um 18 Auer war den Alarm ugaangen, wouropshin d’Fleegepersonal direkt domat ugefaangen huet, “d’Patienten” aus den Zëmmeren ze bréngen. Op enger sécherer Plaz ginn d’Patienten da vun engem Team vun Doktere behandelt.
D’Pompjeeën haten d’Feier mat engem Dampmaschinn geläscht an den Asaz war géint 19.15 Auer eriwwer.
Wärend dem Exercice gouf d’Ekipp vum Fleegepersonal verstäerkt ginn, fir d’Iwwerwaachung an d’Sécherheet vun de richtege Patiente weiderhin ze garantéieren.