
Fir de Stater Nuetsmarathon waren nieft all de sëllege Benevollen och eng ronn 250 Leit vum CGDIS am Asaz. Dës Fraen a Männer hunn alles an allem 2.400 Stonnen Aarbecht geleescht, een Drëttel dovunner vun haaptberuffleche CGDIS-Mataarbechter. An dat huet säi Präis. Den Asaz vun de CGDIS-Leit huet 26.000 Euro kascht. Den Organisateur vum Marathon huet dovunner d’Hallschent bezuelt, déi aner Hallschent gouf der Stater Gemeng ugerechent, mä huet net misse bezuelt ginn, dat wéinst enger “Demande de gratuité”.
Vun esou enger CGDIS-Gratuitéit kënnen d’Gemengen all Joer profitéieren, sou gesäit et d’Taxereglement vir. D’Stater Gemeng huet dëst also am Kader vun der Facture fir de Marathon gemaach.