
Sechs Persoune goufe beim uergen Accident an der Rue Jean Fischbach blesséiert. Op der Plaz waren dräi Ambulanzen aus der Stad, eng vu Beetebuerg an nach eng vun Esch, de Samu aus der Stad a vun Esch souwéi d’Pompjeeë Leideleng, Monnerech an aus der Stad.
Bei dräi anere Verkéiersaccidenter e Freideg den Owend gouf et allkéiers ee Blesséierten.
Zu Stroossen ass kuerz no 17 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn, ëm déi selwecht Zäit huet sech tëscht Schrondweiler a Schieren en Auto iwwerschloen an zu Leideleng ware kuerz virun 18.30 Auer schonn zwee Autoen anenee gerannt, dat an der Rue de la Gare.