
Zu Eschduerf waren d’Pompjeeë vu Wolz, Gréiwels an Alebësch wéinst engem Feldbrand gefuerdert. Um Boulevard Charlotte zu Esch ass e Motocyclist gefall, ëm dee sech ënnert anerem de Samus-Noutdokter huet misse këmmeren. An tëscht Groussbus a Gréiwels ass en Auto vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.