
Siwe Blesséierter zanter gëscht Owend op eise Stroossen. Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg den Owend kuerz virun hallwer 6 tëscht Lëpschent an Houschent zu engem Accident mat zwee Gefierer, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen.
Zwee Blesséierter dann och tëscht Kietscht a Gréiwels, och hei waren zwee Autoen aneneegerannt. Duerch de Schock vum Accident ass ee Gefier op d’Säit geluecht ginn. Vun der Plaz heescht et, datt ee vun de Chaufferen huet missten erausgeschnidde ginn.
Um 0.30 Auer gouf eng Persoun blesséiert bei engem Accident tëscht zwee Ween zu Bartreng. Um Kierchbierg gouf kuerz virun 2 Auer an der Nuecht eng Persoun vun engem Auto ugestouss. An op der Escher Autobunn ass eng weider Persoun bei engem Accident verwonnt ginn.