
D’CGFP ënnerstellt der Regierung ënnert anerem den Index wëllen ze manipuléieren. Dobäi misste fir d’éischt Mesurë geholl ginn, fir d’Präisdeierecht ofzefiederen. Ausserdeem erwaart sech d’Staatsbeamtegewerkschaft vun der Tripartite méi Resultater, wéi nom Energiedësch virun zwou Wochen.