CovidCheck op der SchaffCGFP kritiséiert "Minister, deen net wëll agesinn"

RTL Lëtzebuerg
Regierung a Gewerkschafte sinn am Konflikt wéinst dem CovidCheck, dee jo vum 1. November un op der Aarbechtsplaz kann agefouert ginn.

De Minister fir d’Fonction Publique, de Marc Hansen, "léisst net am Geréngste Kompromëssbereetschaft duerchblécken", kritiséiert d’Staatsbeamtegewerkschaft en Dënschdeg no enger Entrevue e Méindeg. Genee wéi déi aner Gewerkschaften huet d’CGFP ënnerstrach, datt si fir d’Impfung ass an de CovidCheck op der Schaff net onméiglech wier. Ënnert 3 Haaptkonditiounen awer.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der CGFP

Back to Top
CIM LOGO