
Doropshin hat d’Conférence des présidents vun der Chamber de Parlamentspresident Claude Wiseler opgefuerdert, d’Gespréich mam Tom Weidig ze sichen. Dat Gespréich war e Méindeg, ma wéi ass dat ofgelaf a wat ass dobäi erauskomm. Wann een dat nëmme sou genee wéisst. Véier Persoune waren derbäi, nieft dem Claude Wiseler an dem Tom Weidig waren dat nach de Vize-President vun der Chamber, Mars Di Bartolomeo an den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup. Ma kee vun hinne wëllt eppes soen. De Claude Wiseler huet en Donneschdeg der Conférence des présidents ee Rapport vun deem Gespréich gemaach. Vu Membere vun deem Gremium ass ze héieren, datt de Chamberpresident net an den Detail gaangen ass. Hien hätt vun engem Austausch geschwat. Et schéngt sou, wéi wann de Claude Wiseler dem Tom Weidig gesot soll hunn, datt esou Aussoe, wéi hie se a sengem Facebook-Post un d’Adresse vum Karikaturist Carlo Schneider gemaach huet, net digne fir een Deputéierte wieren. Den Tom Weidig soll derbäi bliwwe sinn, datt hie falsch verstane gouf. Esou ee Gespréich ass iwwregens net am Chamberreglement virgesinn. Well d’Ausso vum Tom Weidig net am Plenum gemaach gouf, fält se net an den direkte Kompetenzberäich vum Claude Wiseler. Den ADR-Deputéierten hätt deemno guer net op de Rendez-vous musse goen.
Iwwert de konkrete Fall vum Tom Weidig eraus, gouf awer och generell iwwert een Deontologiekodex fir Deputéiert geschwat. An déi Diskussioun ass nawell guer net esou einfach, wéi de Claude Wiseler erkläert.
“Well den Deontologiekodex esouwuel d’Immunité parlementaire, d’Expressiounsfräiheet an d’Privatliewe vum Deputéierte betrëfft, ass et eng Matière, déi extrem sensibel a komplizéiert ass. Mir hu mol an enger éischter Etapp decidéiert, datt mer géinge bei anere europäesche Parlamenter nofroen, wéi si déi Affär ugaange wieren, ob se eventuell Dokumenter respektiv sou Kodexen hätten.”
D’Chamber ass Deel vun engem Netzwierk vun europäesche Parlamenter, déi sech iwwert een informatesche System austauschen. Et dierft awer wuel e puer Méint daueren, bis all d’Äntwerten do sinn.