Ressourcë schounenChamber stëmmt unanime fir eenheetlech Chargeuren

Monica Camposeo
Eenheetlech Chargeure fir den Elektroschrott ze limitéieren an d'Ressourcen ze schounen. Dat gëtt och hei am Land Realitéit.
Chamber stëmmt unanime fir eenheetlech Chargeuren
Eenheetlech Chargeuren fir den Elektroschrott ze limitéieren an d’Ressourcen ze schounen. Dat gëtt och hei am Land Realitéit.

D’Chamber huet nämlech en Dënschdeg de Mëtten unanime e Gesetzesprojet ugeholl, mat deem déi entspriechend EU-Direktiv op nationalem Niveau ëmgesat gëtt.
D’Deputéiert hu keng Zweiwel gewisen, dass d’Gesetz an déi richteg Richtung geet. D’Octavie Modert vun der CSV huet, esou wéi aner Deputéiert, präziséiert, dass esou e Gesetz géing weisen, wéi wichteg d’EU ass. Eenheetlech Chargeure géingen d’Liewe vun alle Verbraucher méi einfach maachen.

Vun der ADR huet et awer geheescht, dass Eenheetlechkeet op EU-Niveau an dësem Fall sënnvoll wier, ma awer nach laang net ëmmer. Den Deputéierten Tom Weidig huet d’Beispill vum Verbuet vun neie Verbrenner-Autoe genannt.

Fir de Piraten-Deputéierte Sven Clement huet dës Decisioun ze laang gedauert. Hie bedauert, dass verschidde Produzenten “mat engem Uebststéck am Logo” géinge versichen, d’Gesetz z’ëmgoen, andeems hir Apparater mat Kabelen, déi net vun hirer Marke sinn, méi lues lueden. An esou Fäll hätte méi streng Strofe misste virgesi ginn.

Back to Top
CIM LOGO