Méi wéi 4.800 Leit hunn d’Petitioun ënnerschriwwen. E Mëttwoch de Moien haten zwou Fraen an engem ëffentlechen Debat an der Chamber d’Wuert. Si hunn ugestouss, fir nieft dem Congé parental vu 4 a 6 Méint, och e Vollzäit-Congé parental vun 9 Méint anzeféieren. Dat fir den Elteren d’Méiglechkeet ze ginn, fir bis den éischte Gebuertsdag vun hirem Kand doheem ze bleiwen. Direkt Changementer wäert dës Petitioun awer net no sech zéien.
Ganz nuancéiert an onideologesch huet d’Petitionärin Michèle Senninger am Plenum hiert Uleies virgedroen. Et géif net just deen ee Familljemodell ginn an de Congé parental hätt elo schonn eng Partie positiv Auswierkungen op d’Famill an d’Gläichberechtegung gehat, mä Lëtzebuerg léich bei der Dauer vum Vollzäit-Congé parental wäit ënnert der OECD-Moyenne, wou ee Joer den Duerchschnëtt wier.
Elteren, déi sech nom Congé parental net prett géife spieren, fir zréck op d’Aarbecht, wiere mam Kapp souwisou nëmmen hallef do. Dovunner hätt och de Patron näischt, sou d’Co-Petitionärin Anne Heintz. De Retour op d’Schaff kéint besonnesch fir Fraen, déi nieren, belaaschtend sinn an e verlängerte Congé parental géif och Elengerzéier entgéint kommen.
D’Familljeministesch Corinne Cahen huet Versteesdemech gewise fir d’Argumenter, huet awer Iwwerleeungen zum Finanzement vermësst. Ëmmerhi wier de Revenu de remplacement, deen zanter der Reform gëllt, e staarkt Argument fir de Congé parental.
D’Petitioun wäert keng direkt Konsequenzen hunn, och wann den allgemengen Echo duerchaus positiv war. Et wéilt ee fir d’éischt d’Konklusioune vun enger Etüd ofwaarden, déi vum nächste Joer u vum LISER gemaach soll ginn a bis 2024 solle virleien. Dat war och sou am Koalitiounsaccord virgesinn. Der Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Kemp-Arendt vun der CSV no wäert de Sujet sech wuel awer bestëmmt och schonn an de Walprogrammer rëmfannen.
Zejoert hunn iwweregens méi Pappen de Congé parental geholl wéi Mammen. D’Familljeministesch huet d’Zuelen e Mëttwoch de Moie genannt. Et ware fir genee ze si 6.186 Pappen a 5.450 Mammen. Sief dobäi gesot, datt een den zweete Congé parental bis zum Alter vu 6 Joer vum Kand huele kann.