Zanter e Freideg sëtzt déi 22 Joer al Julie Dolar op gepaakte Wallissen. Si studéiert u sech zu Bordeaux Mathematik, ma schafft elo schonn deen zweete Summer als Animatrice op engem Camping zu Lacanau an der Gironde. D'Bëschbränn dominéieren do elo grad den Alldag. En Dënschdeg sinn eng 4.000 Touriste preventiv vu Lacanau evakuéiert ginn, war an de franséische Medien ze liesen. D'Evakuatioun huet d'Julie Dolar hautno materlieft, ma als Animatrice ass si - genee wéi déi aner Mataarbechter vum Camping - selwer nach op der Plaz. Anescht wéi d'Touriste gi si nämlech zu de Residenten gezielt, an déi sinn aktuell nach net vun den Evakuatiounsmesurë betraff.
Am Departement Gironde am Südweste vu Frankräich sinn zanter dem 22. Juli schonn eng 42.000 Hektar Bësch verbrannt, 220.000 Leit goufe bis ewell evakuéiert. D'Feier ass net méi wäit vun der Metropol Bordeaux fort. Aktuell wier d'Situatioun méi oder manner "stabil", esou d'Prefektur vum Departement en Dënschdeg de Moien. Ma eng nei Hëtztwell mat Temperature vun tëscht 33 a 35 Grad steet virun der Dier a kéint de Feieren nach emol neie Momentum ginn.
Déi jonk Studentin erënnert sech un den Ament, wéi si gemierkt huet, wéi no d'Flame scho sinn: "Freideg war et e bësse krass, well mer haten dann d'Wolleken an den Damp, deen eriwwer komm ass. Du war den Himmel ganz rout. Ech si vu menger Sieste erwächt an ech hu guer näischt méi verstanen. Well wou ech schlofe gaange sinn, war den Himmel blo an du sinn ech waakreg ginn an alles war orange. Ech hu guer näischt méi verstanen. Si hunn eis gesot, mir solle calme bleiwen. Dat heescht, ech hunn e bëssi probéiert ze rationaliséieren. Mee elo sinn ech e bëssi nervös."
En Dënschdeg krut d'Julie Dolar eng Alerte iwwert den Telefon, ma an de leschten Deeg huet si sech virun allem selwer informéiert. "Bei mir ass et virun allem Panik. Freides, wou ech dat gesinn hunn, hunn ech direkt meng Wallis gepaakt. Ech weess, mir wäerte lo net stierwen. Also ech weess, dass si dat alles am Grëff hunn an dass ee mat Zäite Bescheed gesot kritt, wann ee wierklech fort muss goen" - an awer géing et een nervös maachen ze gesinn, wéi d'Touristen evakuéiert ginn, wann ee selwer gesot kritt, nach ze bleiwen.
Scho virun der Evakuéierung vun de leschten Touristen ass de Camping, wou d'Julie Dolar den Ament schafft, ëmmer méi eidel ginn. Vun ursprénglech ronn 2.300 Leit erof op ronn 1.000 Leit e Sonndeg, an du just nach 600 e Méindeg. "Ech hoffen, mir sinn déi nächst, well ech kréien hei keen An zou." D'Onsécherheet, wéi et weidergeet, a wéi si am Noutfall vun der Plaz kënnt, mécht d'Studentin onroueg. Si huet selwer keen Auto op der Plaz, ma eng Rei Stroosse si esou oder esou scho gespaart. Wien op de Camping wëll, muss mëttlerweil ee laangen Ëmwee iwwert den Norde maachen.
Et géif ee gudden Zesummenhalt tëscht de ronn 100 Saisonsaarbechter ginn, déi nach op der Plaz sinn - och wa verschiddener e bëssen ze vill dovunner géife profitéieren, datt d'Touristen elo net méi op der Plaz sinn: "Et ass fett Party hei. Dat stresst mech e bëssen. Ech hänken net gäre vu Leit of an ech sinn an enger Situatioun, wou ech leider elo vun de Leit ofhänken, well ech hu keen Auto hei."

Als Animatrice wier et déi lescht Deeg och schwéier gewiescht, sech virun de Kanner näischt umierken ze loossen. "Do war ee Meedchen, dat huet ugefaange mat kräischen an ech hunn et gefrot, wat da lass wier. [...] An du sot et mir, dass hatt virun zwee dräi Joer och schonn eng Kéier e Brand erlieft huet, an dass hatt dann dorunner misst zréckdenken. An dann deet engem dat mega wéi am Häerz. Dann huet een iwwer Loscht mat him ze kräischen, mee do sinn nach 20 aner Kanner an ech ka lo hei net an Tréinen ausgoen."
D'Julie Dolar geet dervun aus, datt och si als d'Mataarbechterin vum Camping net méi laang op der Plaz wäert sinn: "Ech menge schonn, dass mir evakuéiert ginn. Well ech gesinn net an, firwat d'Direktioun kënnt an eis seet, alles ze paken, firwat mir da guer net evakuéiert ginn. Ech mengen net, dass et hei brenne wäert. Dat ass fir mech onméiglech, well mir si sou no beim Mier an et ass guer net an eis Richtung, et ass wierklech an der Richtung vu Bordeaux. Mee wéinst der Canicule, a well de Wand jo hätt sollten haut an eis Richtung kommen, mengen ech ass et just aus Preventioun. Mee ech mengen, mir kréien och an zwou Stonne gesot, dass mer solle fort."
Déi jonk Studentin hofft, datt d'Sécherheetsmesure just bis no der Canicule géif a Plaz bleiwen, an datt si dann nees kéinten zeréck - ma alles dat steet den Ament nach an de Stären.
