Luc FriedenChamberkommissioune kréie juristesch Avise fir Decisioun Heescheverbuet dës Woch

Pierre Jans
Den Inneminister Léon Gloden wéilt den zoustännege Chamberkommissiounen d'Avisen nach an dëser Woch zur Verfügung stellen.

Opgrond vun deenen hat hien d’Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg approuvéiert. Dat huet de Premierminister Luc Frieden an der Chamber annoncéiert.

Do virdrun hat den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement wéinst dem Heescheverbuet vun enger institutioneller Kris tëscht der Justiz an der Exekutiv geschwat. Dat wollt de Premier net gëlle loossen. Säin CSV-Parteikolleeg Léon Gloden an och d’Stater Märei hätte juristesch Avise kritt, déi hir Decisioun stäipe géifen.

De Parquet ass jo net der Meenung, dass d’Mendicité simple am Code pénal eng legal Basis huet.

Et wär deemno Interpretatiounssaach, seet de Premier. Dat wär am Droit net ongewéinlech.

Bei Onkloerheete kéint d’Parlament iwwer eng Reform vum Code pénal nobesseren, esou de Premierminister Luc Frieden. Deen drop gehalen huet, de Rechtsstaat an eng onofhängeg Justiz ze schätzen an ze verdeedegen.

Keng konkret Zuele bis ewell

Konkret Zuelen iwwer déi zwou éischt Woche vun der repressiver Phas vum Heescheverbuet an der Stad gouf et iwwerdeems net.

Am Kader vun enger Froestonn hat den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana dem Léon Gloden déi Fro gestallt.

Uniforméiert Policebeamte mat Hënn an och der an Zivil géifen duerch d’Stad patrulléieren, fir géint illegal Immigratioun, Drogen an aggressiv an organiséiert Heescherei virzegoen, esou den Inneminister.

Sengen Informatiounen no wieren effektiv Persounen no hirer Identitéit gefrot ginn, déi sech dunn och ausweisen hätte kënnen. Keng vun deene wier senges Wëssens no mat op e Büro geholl ginn.

De Léon Gloden huet keng Zuelen nenne kënnen, mä en huet präziséiert, dass d’Police mat de sozialen Institutioune vun der Stad Lëtzebuerg zesumme schaffe géing.

Back to Top
CIM LOGO