Bei der Neijoerschreceptioun huet hien ervir gehuewen, wéi staark sech d’Chamberverwaltung an deene leschte Jore verännert huet. Dat well d’Ufuerderunge staark zougeholl hunn.
D’Chamberverwaltung ass personell staark gewuess vun nach 99 Mataarbechter viru fënnef Joer op elo 151. Dem Generalsekretär Laurent Scheeck no ass déi Entwécklung op méi Facteuren zeréckzeféieren. Virop:
“D’Verdueblung an dëser Legislatur op allen Indicateure vun der Chamber, gekoppelt mat enger däitlecher Acceleratioun.”
Et hätt ee sech komplett nei missen opstellen, esou de Laurent Scheeck:
“Wéinst der Verännerung vum politesche Liewen. Wéinst der Demande fir méi Demokratie, méi Biergerbedeelegung, méi Participatioun vun deene Jonken an dat an engem Krisenëmfeld, wou e méi selbstbewosst Parlament, méi oppent Parlament net däerf feelen.”
Um Bord vum Neijoerschpatt waren déi rezent LSAP-Kriticken un de Koalitiounspartner vun DP an déi Gréng e Sujet. Dobäi geet et ëm d’Reform vum Loyersgesetz vum Logementsminister Henri Kox Reform an dem Premier Xavier Bettel seng Aussoen zu de Sujete Steierreform an Aarbechtszäitverkierzung. De Claude Wiseler vun der CSV fënnt:
“Dat weist a mengen Ae just, datt d’Koherenz aus dëser Majoritéit eraus ass, datt den Zesummenhalt fort ass an datt am Fong keng gemeinsam Politik méi vun dësen dräi Parteie ka gemaach ginn.”
Déi Gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché léisst dat net ganz esou stoen:
“Ech soen net, datt d’Stëmmung schlecht ass. Ech bedaueren awer, datt verschidde Leit, déi zu eiser Koalitioun gehéieren, net à même sinn, fir mat eis ze diskutéieren, mee direkt erauslafe mat esou Methode wéi déi do.”
Datt d’LSAP géif probéieren, sech ze positionéieren, wier an engem Waljoer normal, esou de Fraktiounschef vun der DP de Gilles Baum:
“Dat si Saachen, déi mer natierlech intern thematiséieren awer näischt, wou mer eis elo grave Gedanke misste maachen, ob déi Koalitioun hei nach funktionéiert oder net, déi funktionéiert nämlech nach ganz gutt.”
Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo mengt sengersäits, no de Wale géif ee mat senger Aarbecht schonn déi nächst Wale preparéieren.