De Stephane Lascar ass bei der ESTEC, dem Technologie a Recherchezenter vun der ESA, responsabel fir de Beräich vun den Telekommunikatiounssatellitten. D'Kärgeschäft, och dat vun der SES, ass am Gaang sech ze änneren. D'Tëlee per Satellitte gëtt duerch nei, méi performant Online-Offeren ersat. Entreprise wei d'SES mussen nei Servicer ubidden.
Zu Noordwijk an Holland ass de Recherche- an Technologiezenter vun der europäescher Weltraumagence. U quasi all europäesche Weltraummissiounen si Mataarbechter vun der ESTEC bedeelegt. Ënnert anerem ginn och Rakéiten ënner Weltall-ähnleche Konditioune getest. Ma och de Lëtzebuerger Satellitte-Secteur profitéiert vum Knowhow an der finanzieller Ënnerstëtzung vun der ESA.
Mat virop: privat-ëffentleche Partnerschafte, well déi europäesch Weltraumagence-Entreprisen a ganz Europa hëllefen, sech weider ze entwéckelen an datt d'Weltraum-Ekonomie weider wiisst.