
Dat äntwert d'Logementsministesch Sam Tanson den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten a Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro.
Et sollt net op eng grouss Reform vum Gesetz gewaart ginn, déi d'aides au logement reegelt, heescht et aus dem Ministère.
An der parlamentarescher Fro wollten déi Deputéiert Informatiounen iwwert presuméiert Inkoherenzen an eng ënnerschiddlech Behandlung vun de verschiddene Promoteure kréien, déi soziale Wunnraum schafen. Ënner anerem geet et ëm d'Berechnung vun de Loyeren.
Déi sougenannt 30. Promoteuren, also privat Promoteuren, déi eng Konventioun mam Ministère hunn, musse sech, anescht ewéi d'ëffentlech Promoteuren, net un d'Reglement vun 1998 halen.
Déi privat Acteure kënnen de Loyer selwer festleeën, dee mat Récksiicht op déi sozial Finalitéit moderat ausfale soll. All eventuelle Surplus muss an de Logement investéiert an d'EU-Recht agehale ginn.
Dat selwecht gëllt iwwerdeems fir Promoteuren, déi ënnert den Artikel 8 vum groussherzogleche Reglement vum 21.Dezember 2018 falen. Dat sinn zum Beispill Studente-Logementer.