
Den Tunnel Gousselerbierg war um Dënschdeg den Owend an an der Nuecht op e Mëttwoch wéinst Aarbechten a Richtung Norde gespaart.
E Geeschterfuerer war dann no 20 Auer de falsche Wee vu Luerenzweiler a Richtung Norde gefuer an ass och der Héicht Schëndels mat anerer Gefierer, RTL-Informatiounen no dräi Ween, zesummegestouss. Den Tunnel Miersch gouf gespaart, fir datt am éischten Ament kee Verkéier op där Streck wéinst dem Falschfuerer wier an dono, fir datt den Accident geraumt ka ginn.
An engem éischten Ament haten eis Informatioune béid Situatioune verbonnen, kuerz drop huet sech erausgestallt, datt et awer zwee Problemer op der selwechter Autobunn ginn hat.