Ausbau vun der A3Chantier soll eréischt 2020 ufänken

Christophe Hochard
D'A3, d'Diddelenger Autobunn ass eng vun de wichtegste Verkéiers-Odere vum Land, awer och eng mat de meeschte Stauen an Accidenter.
Ausbau vun der A3
D'A3, d'Diddelenger Autobunn ass eng vun de wichtegste Verkéiers-Odere vum Land, awer och eng mat de meeschte Stauen an Accidenter.

Am Summer 1978 ugefaange mat bauen ka se den Trafic vun haut net méi packen.

D'Aarbechten op der Diddelenger Autobunn, fir den Ausbau op dräi Spueren, fänken eréischt d'nächst Joer un. U sech sollt de Schantjen schonn d'lescht Joer demarréieren. Dat huet den zoustännege Minister François Bausch e Méindeg op RTL confirméiert. D'Bauzäit läit bei 6 Joer.

All Dag fueren eng 90.000 Automobilisten iwwert d'A3. Déi drëtt Spuer soll an Zukunft haaptsächlech fir de Covoiturage a fir d'Busse geduecht sinn, besonnesch an de Spëtzestonne, wat och mat Kameraen iwwerwaacht gëtt. Déi éischt Preparative fir de Schantjen hu schonn ugefaangen. Laanscht d'Autobunn goufe scho Beem an Hecken ewech geholl.

Et ass ee komplizéierte Bau, sou de François Bausch, dowéinst konnt den Timing och net agehale ginn. Et hu mussen eng Partie Etüde gemaach ginn. Dobäi kéim, dass d'Autobunn net einfach kann zougemaach ginn. Wärend den Aarbechte gëtt d'Vitesse op 70 Stonnekilometer erof gesat. De Schantjen ass a 5 Phasen opgedeelt. Déi éischt geet vum Gaasperecher Kräiz bis op d'Air de Berchem, an déi lescht Phase geet dann bis op d'franséisch Grenz.

Back to Top
CIM LOGO