D'Situatioun ass den Ament ënner Kontroll. Entwarnung gëtt et awer nach keng. Et wäert nach eng Zäit daueren, bis sech d'Situatioun an den dräi betraffenen Zonen normaliséiere wäert. Am festgeluechte Perimeter goufen d'Riewen, respektiv aner Planzen erausgerappt an op der Platz verbrannt.
"Déi Prouwen, déi mer elo geholl hunn, déi 364, dat war haaptsächlech nach an anere Wéngerte ronderëm. Awer och a Privatgäert an och an der Wëllvegetatioun, déi mer ronderëm deene befalene Wéngerten haten, dat alles an deene Pufferzonen, déi mer ausgewisen haten. A wéi gesot, bis elo, loosse mer Holz upake weiderhin, ass op alle Fall keen neie positive Fall dobäi gewiescht", sou d'Monique Faber, Chef de service bei der ASTA.
Iwwer de Wanter, bis spéit an d'Fréijoer eran, wäert elo d'Natur matspillen. D'Zikaden, déi kleng Insekten, déi d'Krankheet iwwerdroen, sinn eréischt vu 16 Grad un aktiv a gi bei Frascht futti. Dat gëtt de Responsabele Loft, fir en Vue vum nächste Summer, eng Strategie auszeschaffen. Wéi reagéieren? Well d'Fäll, déi elo am Hierscht op der Musel bekannt goufe, sinn eng Première.
D'Monique Faber vun der ASTA: ‘"Déi Adult, déi elo dëst Joer do waren, déi hunn elo hir Eeër geluecht. Déi Eeër, déi sinn automatesch Xylella-fräi. Dat heescht, vun do aus kënnt elo keng nei Infektioun. An déi Eeër iwwerwanteren. A wann et ufänkt, erëm e bësse méi besser Temperaturen ze ginn am Fréijoer, da schlüpfen do jonk Larven draus. Déi ginn och duerch e puer Larvestadien. An dann esou géint Juni ass da mat éischten neien Adulten ze rechnen, déi dann erëm kéinten nei Planzen infizéieren."
Déi aktuell Spär, respektiv Pufferzone bleiwe bis op Weideres bestoen.
Dat heescht, datt och de Gréng-Schnëtt net aus de Gemenge Gréiwemaacher a Mäertert-Waasserbëlleg eraus transportéiert däerf ginn.
D'Monique Hermes, Buergermeeschtesch vu Gréiwemaacher erkläert: "Eise Gréng-Schnëtt ass do erop och erop op de SIGRE gaangen. Dat hu mer nach eng Kéier gemaach, an do huet de Camion missen desinfizéiert ginn, dat war do ganz komplizéiert. An do hu mer kloer gesot an och matgedeelt, eise Gréng-Schnëtt ass elo op zwou Plazen, op Flohr a beim Ale Quai. D'Leit mussen en dohinner féieren. Soss si mir all zwou Wochen de Leit de Gréng-Schnëtt siche gaangen, Dënschdes. Dat ass elo net méiglech. Mir verbrennen en dann op eisem Terrain"
Bei Waasserbëlleg gëtt de Gréng-Schnëtt do entsuergt, wou och e Wéngert wéinst där sougenannter Feierbakterie huet missen erausgerappt ginn. A wärend op d'mannst engem Joer däerf op de betraffene Plazen näischt méi ugeplanzt ginn.
D'Musel huet e grousse Stellewäert.
"D'Wéngerte sinn d'Brout vun enger Partie Leit op der Musel, ne? Et sinn och kleng Privatwënzer, déi awer hire Wäin do onbedéngt wëlle maachen. A wann d'Wéngerten net op der Musel sinn, da verléiere mer eent vun eise ganz groussen Nationalprodukter an et verléieren eng Partie Leit hiert Akommes", sou d'Maacher Buergermeeschtesch, déi festhält, datt bis elo d'Situatioun ganz eescht geholl gouf an d'Bierger och ganz responsabel handelen.