Fir eng besser Hëllef am EeschtfallDe SAMU huet elo 10 fuschnei Gefierer

Marc Hoscheid
Déi nei Autoe sinn ee gudde Krack méi grouss wéi déi aktuell. Dat wier och néideg, well ëmmer méi Ekipement dobäi kéim.
Nei SAMUe fir de CGDIS
10 nei Gefierer komme fir de CGDIS an den Asaz

Dat lescht Joer hat de CGDIS bal 76.000 Asätz, an 10.500 Fäll, also ronn all 7. Kéier, ass de SAMU mat erausgefuer. Mëttlerweil gëtt et 5 SAMUs-Basen am Land a fir datt déi hir Aarbecht och an Zukunft sou effikass wéi méiglech erfëlle kënnen, krute se haut 10 nei Gefierer.

Se maache schonn eppes hier, wa se zu 10 nieftenee stinn, ma och wann dës Gefierer eenzel am Asaz sinn, si se schwéier ze iwwersinn. Déi nei SAMUs-Autoe sinn nämlech ee gudde Krack méi grouss wéi hier Virgänger. Dat heescht awer net, datt an Zukunft Patiente matgeholl ginn, et bleift dobäi, datt déi reng mat der Ambulanz transportéiert ginn an d'SAMUS-Gefierer fir d'Rettungsekippe reservéiert bleiwen. Trotzdeem sinn d'Leit vum Terrain frou, datt se lo méi Plaz hunn.

"Eis aktuell Gefierer sinn doranner un hier Grenze gestouss, datt ëmmer méi performant Saachen dobäi komm sinn a mir hunn déi dann an d'Sacochen dobäi gemaach, doduerch sinn eis Sacochen ëmmer méi grouss ginn", seet d'Patricia Stremler, déi als Infirmière-Anesthésiste beim SAMU dobäi ass. "Se sinn am Fong gewuess awer den Auto ass net mat gewuess, sou datt mer effektiv dono heiansdo eis Kierf an den Auto erandrécken, fir datt déi nach gepasst hunn an hei ass dat lo eben net méi de Fall, well mer hei gutt Plaz hunn, fir alles dran ze maachen."

An de Gefierer ass awer net nëmme méi Plaz fir Geschier, dat ee schonn huet, mee et ass deels och ganz neit Geschier dran.

"Haaptsächlech um Beootmungsgerät, do si mer op den Hamilton-T1 ëmgeklommen, virdrun hate mer een Oxylog 3000 dran. Den Hamilton-T1 ass agreéiert fir all Transportmëttel, mir kënnen en also och mat an den Helikopter eriwwerhuelen, wann dat lo noutwenneg wier. Et ass och ee speziellt Intensivtransport-Beootmungsgerät, dat sech un d'Longekapazitéit vum Patient kann upassen, wat de Patiente-Confort an d'Luucht setzt."

Natierlech fält de grousse Stär um Capot op. Datt d'Autoe vun der däitscher Mark vu Stuttgart kommen, läit dorunner, datt d'Firma WAS, déi no der Ausschreiwung geholl gouf, mat Mercedes zesummeschafft. Sou wéi de SAMU d'Gefierer elo kritt huet, si se awer net aus der Fabrick gerullt.

"An dësem Fall sinn déi Vitoe bei Merbag geliwwert ginn, déi ware Standard-Wäiss Liwwerween an déi sinn du bei der Firma WAS gaangen, déi dann de Bannenausbau gemaach huet, d'Bepëschung ronderëm, d'Blo Luucht op den Daach. Alles dat gouf bei der Firma WAS gemaach, déi den Zouschlag bei der Ausschreiwung kritt huet", präziséiert de Christian Schmitz, Chef vum Departement Logistik beim CGDIS.

D'Liewensdauer vun deenen neien Autoe läit bei 5 bis 6 Joer, well se dann ongeféier 200.000 Kilometer erof hunn. Dat ass zwar net sou vill, mee am Asaz musse se méi leeschten, wéi wann een normal am Trafic ënnerwee ass. De Käschtepunkt vun deenen 10 Gefierer zesumme läit bei 3 Milliounen Euro.

Fir den Inneminister Léon Gloden ass d'Uschafung vun deenen neie Gefierer deen nächste Schrëtt an enger kontinuéierlecher Entwécklung.

"Säit 2018 sinn d'SAMUs-Base beim CGDIS vun 3 op 5 eropgaangen. Ee groussen Deel vun den Interventioune bei de Secours à personnes gëtt och iwwert de SAMU gemaach. Mir investéieren hei net nëmmen an top modern Autoen, mee mir investéieren am Fong an de Service un de Bierger a Biergerinnen. All Patient, deen am Noutfall ass, muss schnell an effikass kënne gehollef kréien."

Zanter 2018 hätt een et och gepackt d'Zäit, déi gebraucht gëtt, fir een Auto prett fir den Asaz ze maachen, ëm e puer Sekonnen no ënnen ze drécken.

Dem CGDIS-Direkter Paul Schroeder no ass ee mat deenen 10 neie Gefierer gutt opgestallt, och wann natierlech nach ëmmer Loft no uewe wier.

"Ech mengen, et muss een och d'Couverture vun der Bevëlkerung kucken. Et kann een hannen natierlech nach ëmmer méi maachen, mee iergendwann ass et natierlech och eng Fro vu Käschten an Notzen, fir dee leschte Prozent och nach optimal ofzedecken. Wa mer 10 SAMUen hunn, da kënnt awer den Dag wou mer den 11. brauchen an ech menge mat deene Moyenen, déi mer haut en place hunn, si mer scho guer net sou schlecht gestallt."

Back to Top
CIM LOGO