Virwërf vu Mobbing a sexueller BelästegungMéiglecht Feelverhale vu Virgesetzten am Service Événements, Fêtes et Marchés am Stater Gemengerot diskutéiert

RTL Lëtzebuerg
Rezent gouf e méigleche Fall vu Mobbing a sexueller Belästegung bei der Stater Gemeng ëffentlech gemaach.
© Céline Spithoven

Am Stater Gemengerot gouf ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet iwwer eng Affär diskutéiert, déi rezent public gouf.. De Conseiller David Wagner vun déi Lénk hat eng Partie schrëftlech Froe gestallt zu de Virwërf vu Mobbing a sexueller Belästegung duerch e Virgesetzten am Service Événements, Fêtes et Marchés. D'Virfäll sollen tëscht Enn 2024 an Enn 2025 gewiescht sinn. No véier Auditiounen hat déi zoustänneg Belästegungskommissioun awer keen Harcèlement festgestallt. D'Mataarbechterin schafft antëscht an engem anere Service vun der Stad.

Back to Top
CIM LOGO