
Dodra fënnt een eng ganz Partie Revendicatiounen, notamment misst de Beruff vum Enseignant erëm méi attraktiv ginn an et misst sech besser ëm Kanner mat spezifesche Besoine gekëmmert ginn.
Besonnesch an deem Beräich, also wann et ëm spezifesch Besoine vu Kanner geet, fillt d'Léierpersonal sech am Ree stoe gelooss.
De Syndicat national des Enseignants hätt dofir gären eng Präventiouns- an Interventiounsstruktur, wéi de President Patrick Remakel seet. All Schoul misst eng "Task Force" kréien: "aus Spezialisten, Educateuren, Infirmièren, fir eben deene Kanner ze hëllefen. Dass wann et an de Schoule brennt, kann direkt eng Interventioun kommen, dass ka präventiv geschafft ginn. Da brauche mer alleguer déi Ekippen, déi Equipes de soutien, déi musse méi breet opgestallt ginn, se musse méi Leit hunn an natierlech, wat enorm wichteg ass, deen administrativen Opwand, deen ee muss maachen, fir datt déi Kanner Hëllef kréien, dee muss einfach op de strikte Minimum reduzéiert ginn."
Zënter Joren, esou heescht et beim SNE, ginn et beim Rekrutement fir de Beruff vun der Léierin an dem Schoulmeeschter méi Plaze wéi Kandidaten, déi de Concours maachen. Dat ännert sech och dëst Joer net, dovunner ass d'Enseignantsgewerkschaft iwwerzeegt a fir si ass dat e kloert Zeechen dofir, datt de Beruff vum Enseignant net méi attraktiv ass.
"Aner Beräicher hunn et am Fong geholl virgemaach. Einfach eng Campagne ze maachen, fir ze weisen, datt de Beruff vum Schoulmeeschter e ganz schéinen ass. Dat an déi Mesuren, déi mir fuerderen, wann déi en place gesat ginn, dann hätte mer e grousse Problem geléist an da kéinte mer erëm all d'Plaze mat diploméierte Leit besetzen."
Donieft hätt den SNE awer och gär, datt déi duerchschnëttlech Klassegréisst vu 16 op 15 Schüler erofgesat gëtt an d'Gewerkschaft plädéiert dofir, datt Remplaçanten, déi laangfristeg agesat ginn, méi en ausféierleche Stage solle maachen.