Kruuchten-SchrondweilerChauffer a Bam gerannt, ganz uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg ass et um 19.10 Auer zu engem ganz schwéieren Accident komm op der Streck Kruuchten - Schrondweiler.
© Domingos Oliveira

Hei ass een Auto vun der Strooss ofkomm an an ee Bam gerannt. De Chauffeur huet misse schwéier blesséiert aus dem Auto geschnidde ginn. Op der Plaz waren d'Pompjeeë Fiels an Noumer, Ambulanz Dikrech an de Samu vun Ettelbréck.

Wéi den 112 weider mellt ass géint 22.10 Auer tëschent Bur an der Burer Millen en Auto an e Wëllschwäin gerannt, eng Persoun gouf blesséiert. Zu Schengen huet um 23.20 Auer en Auto gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO