Um Sonndeg de Moie fréiChauffer ageklemmt no uergem Accident op Iechternacher Streck
Um Sonndeg de Moie géint 7 Auer gouf et en uergen Accident op der Iechternacher Streck, der N11, tëscht der Schanz a Wolper.
Verëffentlecht: 28.04.19 10:33, Update: 12.12.25 08:39
En Automobilist ass vun der Strooss ofkomm, krut e Bam ze paken a koum an der Wiss un d'Halen.
De Chauffer war ageklemmt an huet misse mat hydraulesche Rettungsgeräter aus sengem Won befreit ginn. Hien an de Bäifuerer koumen a Begleedung vun engem Samusdokter schwéier blesséiert an d'Spidol, sou de CGDIS.
D'Corpse vu Jonglënster, Konsdref, Iechternach, d'Police an de Samu vun Esch waren op der Plaz.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.