Accident bei BaaschtnechChauffer aus Lëtzebuerg a säi Bäifuerer hunn net iwwerlieft

Kevin Kayser
An der Nuecht op e Mëttwoch um 2.20 Auer koum et op der E25 zu engem déidlechen Accident, mellt l'avenir.net.
© AFP

D'Gefier, dat op der E25 a Richtung Léck ënnerwee war, ass op der Héicht vu Remichampagne ënnert e Camion geroden. De Chauffeur, dee vun Déifferdeng soll sinn, koum beim Accident ëm d'Liewen. Och de Bäifuerer, ee Mann deen zu Houffalize soll gewunnt hunn, huet d'Ongléck net iwwerlieft.

Zeien hunn ausgesot, datt den Auto mat héijer Vitess ënnerwee war. D'Leit am Camion si mat liichte Blessuren dovu komm.

Back to Top
CIM LOGO