
Den Alkoholtest war positiv.
Géint 20.20 Auer war enger Policepatrull zu Rolleng ee Chauffeur duerch säi Fuerstil opgefall. Och an dësem Fall war den Alkoholtest positiv. De Mann gouf protokolléiert.
Nozedroe bleiwen nach 2 Accidenter mat allkéiers engem Motorrad vun e Sonndeg de Mëtteg.
Kuerz no 15 Auer war ee Motocyclist tëscht Munneref a Fëlschdref an enger Kéier gefall. Hie gouf liicht verwonnt.
Tëscht dem Mëllerdall a Konsdref war e Sonndeg de Mëtteg kuerz no 16 Auer ee Motocyclist mat senger Maschinn an de Summerwee geroden an ass gefall. Der Persoun um Moto ass näischt geschitt a si konnt virufueren.