
Den Auto stoung kuerz drop zu Ollem, ma vum Chauffeur huet all Spuer gefeelt. Deen hat sech an engem Virgäertche verstoppt. Hie konnt gepëtzt ginn. Den Alkoholtest bei him war positiv an hie konnt kee valabele Führerschäin virweisen. Och den Auto gouf saiséiert.
Op engem Chantier bei Ollem waren Abriecher um Wierk. Effektiv waren 3 Baucontaineren opgebrach ginn. Déi geklauten Objete goufen awer net wäit ewech erëm fonnt. D’Police huet och en Auto saiséiert, deen an engem Feldwee stoung.
En Dënschdeg de Moien huet d’Police zu Beetebuerg dunn och nach een Autoschauffeur fonnt, deen hannert dem Steierrad ageschlof war. Bei enger Alkoholkontroll gouf du festgestallt, datt de Mann ze déif an d’Glas gekuckt hat. Well de Won doriwwer eraus och net ugemellt war, gouf deen op Uerder vum Parquet saiséiert.
Um CR342 tëscht Rouderssen an Housen koum et en Dënschdeg géint 15 Auer zu engem Accident tëscht engem Camion an engem Auto. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a gouf op der Plaz vun enger Ambulanz an engem Samu versuergt. Ëm 16 Auer ass zu Miersch op der Place de l’Eglise eng weider Persoun bei engem Accident liicht blesséiert ginn.