Accident zu PéitengChauffer hat ze vill gedronk an hat kee Fürerschäin - 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS en Accident e Méindegowend géint 23.30 Auer zu Péiteng. An der Lonkecher Strooss war en Auto an e geparkte Gefier gerannt.
© Samu / Domingos Oliveira

Wéi d’Police mellt, hätt de Chauffer d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a wier eben an en Auto gerannt, dee laanscht d’Strooss geparkt war. De Bäifuerer gouf blesséiert an huet musse vum Samus-Noutdokter behandelt ginn. Och de Chauffer koum spéider fir eng Kontroll an d’Spidol. De Chauffer hat ze vill gedronk an huet och zouginn, kee valabele Fürerschäin ze hunn.

3 Blesséierter gouf et um Méindeg den Owend op der Streck Altréier - Grolënster. Hei waren 2 Autoe frontal anenee gerannt. Zwou Ambulanze vu Jonglënster an eng vun Iechternach waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi d’Pompjeeë vu Konsdref a Jonglënster.

E Méindeg den Owend ass op der Héicht vun der Industriezon Gadderscheier en Automobilist duerch eng Stroossespär gefuer an ass an engem Kiesbett gelant. Den Auto huet mussen ofgeschleeft ginn an den alkoholiséierte Chauffer krut e Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO