
Op dem CR101 ass een Auto géint ee Bam gerannt, wéi d'Police de Mëttwoch de Mëtteg mellt. Duerno ass hien géint eng privat Ambulanz geschleidert ginn. Dat ass an enger liichter Lénkskéier passéiert. Den Automobilist gouf blesséiert an huet missten aus sengem Won geschnidde ginn. D'Personal an der Ambulanz blouf onverletzt.