ZeienopruffChauffeur flücht no Accident tëscht Käerch a Wandhaff

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch koum et géint 12.45 Auer zu engem Accident um CR110 tëscht Käerch a Wandhaff.
© RTL-Grafik

En Zeien hat en Auto matten op enger landschaftlecher Fläch stoe gesinn. Op der Plaz hunn d’Beamten e futtissen Zonk fonnt, mee de verantwortleche Chauffeur war wäit a breet néierens méi ze gesinn.

D’Police sicht elo no Zeien an där Persoun, déi den Accident bei der Police gemellt hat. Informatiounen si fir d’Police Capellen-Stengefort ënnert der Nummer +352 244 30 1000 an der E-Mail Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO