
Bei enger Radarkontroll op der A7 hu Policebeamten e Méindeg um 16.20 Auer een Automobilist erwëscht, dee mat iwwer 170 Kilometer an der Stonn duerch den Tunnel Grouft a Richtung Stad ënnerwee war. De Chauffeur huet net op d'Zeeche vun der Police, fir stoen ze bleiwen, reagéiert an ass weidergefuer.
D'Policebeamte sinn him du mat bloe Luuchten a mat Sireen hannendru gefuer. De Chauffeur ass weiderhin net stoe bliwwen an ass mat héijer Vitesse an engem geféierleche Fuerstil op d'A1 ofgebéit.
Am Agang vum Tunnel Cents koum et dunn zu engem Accident tëscht dem Police-Won an engem aneren Auto. U béiden Autoen ass grousse Schued entstanen, beim Accident ass awer keng Persoun blesséiert ginn.
D'Police hat an dësem Kontext e Méindeg en Zeienopruff gemaach, fir nom flüchtege Chauffeur ze sichen. Um Dënschdeg de Moie koum dunn d'Meldung, dass de schëllege Chauffer konnt ermëttelt ginn.