Esch/UelzechtChauffeur schléift am Auto a blockéiert Police- a Behënnerteparkplaz

RTL Lëtzebuerg
Géint 2.40 Auer an der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police an der Rue d'Audun zu Esch e Chauffeur kontrolléiert, deen hannert dem Steier geschlof huet.
© RTL-Archiv

Den Auto huet gläichzäiteg eng Police- an eng Behënnerteparkplaz blockéiert. De Chauffeur war staark alkoholiséiert. Hien huet säi Führerschäi missen op der Plaz ofginn.

Géint 4.15 Auer gouf och zu Leideleng ee Chauffeur kontrolléiert, dee säi Permis wéinst Alkohol huet missen ofginn.

E Freideg den Owend gouf d'Police dann och op Esch-Uelzecht geruff, well do eng alkoholiséiert Persoun net aus dem Café wollt. Wéi d'Police si mat eraus wollt huelen, huet si op e Policebeamten ageschloen. Dëse gouf liicht blesséiert. Wärend dem Trajet huet de Mann op d'Beamte gespaut a si menacéiert. Hie koum an eng Ausniichterungszell a gouf ugeklot.

Wéi et da weider vum CGDIS mellt, goufen et an der Nuecht op e Samschdeg e puer Accidenter. Zu Esch gouf eng Persoun ugestouss a blesséiert. Zu Dikrech sinn zwee Autoen anenee gestouss, eng Persoun gouf blesséiert. Och tëscht Donkels a Wanseler krute sech en Automobilist an e Motorrad ze packen, eng Persoun gouf blesséiert. An um Boulevard d'Avranches an der Stad waren e Samschdeg de Moien zwee Autoen am Coup. Et gouf kee blesséiert.

An der Nuecht op e Samschdeg huet d’Police zu Rued an zu Maacher am ganzen 184 Alkoholkontrollen duerchgefouert. An 10 Fäll war den Test positiv, zwee Mol huet de Permis missen op der Plaz agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO