AdemChômagetaux mat 5,2% um Niveau wéi virun der Pandemie
D'Adem huet en Donneschdeg de Moie matgedeelt, datt de Chômagetaux am Dezember bei 5,2% louch. Dat ass eng liicht Baisse par Rapport zum Mount virdrun.
Domat ass de Chômage zu Lëtzebuerg um selwechten Niveau wéi um Ufank vum Joer 2019, ee Joer virun der Pandemie an de Restriktiounen.
Enn Dezember ware 16.403 Leit bei der Adem ageschriwwen. De selwechte Mount d’Joer virdru waren et der nach 3.500 méi.
Fannt hei de Communiqué vun de Adem vum 20. Januar 2022.