RIPChristian Thiry am Alter vun 71 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Christian Thiry ass an der Nuecht op e Mëttwoch am Alter vun 71 Joer verscheet.

De Geschäftsmann huet 1987 zesumme mat sengem Brudder François d’Geschécker an der Baufirma Karp-Kneip iwwerholl. Beid sinn d’Urenkele vum Corneille Karp-Kneip, deen d’Firma 1898 gegrënnt hat. De Familljebetrib ass ewéi deemools absënns spezialiséiert am Stroossebau. Donieft war de Christian Thiry vun 1994 bis 2016 President vum Groupement des entrepreneurs. Hie war bekannt dofir, datt hie kee Blat virun de Mond geholl huet, ënnert anerem fir mam Fanger op Problemer bei de Prozeduren oder am Bau hinzeweisen. Oder wa Kris war, fir mat de Gewerkschaften ze streiden.

De Christian Thiry war ënnert anerem passionéierte Seegler.

Hien hannerléisst 4 Kanner.

Senger Famill dréckt d’RTL-Redaktioun hiert Bäileed aus.

RTL-Artikel (22.4.2013): Bausecteur: Gewerkschaften a Patronat gi sech net eens
RTL-Artikel (28.9.2015): Bauschuttdeponie Stroossen: 6 Méint op a scho bal hallef zou
RTL-Artikel (8.9.2016): Enkpass fir Entrepreneuren: Bauschuttdeponië fëlle sech séier, Etude soll hëllefen

Back to Top
CIM LOGO