
Am Bulletin vum CGDIS sti fir e Méindeg den Owend zwee Accidenter.
Géint 18:40 Auer sinn tëscht Mamer a Kielen zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mamer waren am Asaz.
Eng gutt Stonn méi spéit ass tëscht Bieles an Uewerkuer e Cyclist gefall a gouf verwonnt. Hei waren d'Rettungsservicer vu Suessem-Déifferdeng op der Plaz.