
Dat wëllen d’Deputéiert vun der Budgetskontrollkommissioun an der Educatiounskommissioun gäre vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch wëssen. Dat nodeems d’Online-Publikatioun Reporter geschriwwen hat, et géif do en Interessekonflikt, well den Direkter vun der ASBL Science Center gläichzäiteg Direkter an Associé vun der Firma ass, déi fir de Science Center gréisste Prestataire de Service ass. D’ADR huet dowéinst eng Ufro gemaach, datt de Minister deenen zwou Kommissioune Ried an Äntwert stoe kënnt, ma deen huet ausriichte gelooss, e géing net kommen, bis en d’Resultater vun engem Audit hätt, deen hie selwer bei der Inspection générale des finances an Optrag ginn huet. Dat seet d’Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun, d’CSV-Deputéiert Diane Adehm.
“Et ass awer esou, datt mir als Kommissioun awer der Meenung sinn, datt de Minister Meisch kéint bei eis kommen, fir eis ze erklären, wat en da bei der IGF nogefrot huet. Well dat heiten ass och e bëssen...Mir sollen d’Regierung kontrolléieren an d’Regierung gëtt selwer e Rapport an Optrag, wou mir net wëssen, wat d’Regierung freet, mir wëssen net, wéini dee Rapport kënnt, mir hu keng Anung an dofir hu mer elo de Mëtteg festgehalen, datt mer elo mat Nodrock probéieren, fir de Minister da bei eis an d’Chamber ze kréien, fir datt en zumindest mat eis driwwer schwätzt, wat en der IGF als Optrag ginn huet a wat en der IGF als Delai gesat huet.”
De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet parlamentaresch Froen u sechs verschidde Ministeren adresséiert, waart awer bis elo op Äntwerten. Reporter hat ausgerechent, datt eleng den Educatiounsministère zanter 2017 ronn 21 Millioune bei de Fonctionnement vum Science Center bäigesteiert hätt. Dem Direkter a Verwaltungsrotspresident vum Luxembourg Science Center, dee gréisstendeels zu New York an den USA lieft, wërft d’Online-Zeitung ënnert anerem vir, sech ouni d’Wësse vum Verwaltungsrot eng Pai an Héicht vu 16.000 Euro de Mount ausbezuelt ze hunn. Donieft hätt seng Privatfirma, déi haaptsächlech fir de Luxembourg Science Center schafft, seng Reeskäschten iwwerholl, déi 2019 op 100.000 Euro geklomme waren. Aus den Informatioune vum Registre de commerce geet ervir, datt de Luxembourg Science Center wärend Jore keng Konten do hannerluecht hat. Dat gëllt och fir Joren, an deene scho Milliounesubventioune vum Staat gefloss sinn.