Energieversuergung wärend Ukrain-KonfliktClaude Turmes: Keng Enkpäss gefaart bei Stroum, Pëtrol a Gas

Pierre Weimerskirch
Allerdéngs géing de Problem ronderëm d'Energiepräisser duerch déi aktuell Situatioun nach méi akut ginn.
Claude Turmes: Keng Enkpäss gefaart bei Stroum, Pëtrol a Gas
Allerdéngs géing de Problem ronderëm d’Energiepräisser duerch déi aktuell Situatioun nach méi akut ginn.

Energierversuergung Ukrain-Konflikt / Rep. Dany Rasque

Déi russesch Invasioun nennt de Claude Turmes e brutalen Iwwerfall op d’Ukrain. Wat den Energieberäich betrëfft, kann de Ressortminister berouegen, weder beim Gas, nach beim Stroum oder beim Pëtrol missten elo Enkpäss gefaart ginn. Duerch déi aktuell Situatioun géif par conter de Problem vun den Energiepräisser nach méi akut ginn. Aus deem Grond, ënnersträicht de Claude Turmes, wier et wichteg, datt d’Regierung en Donneschdeg de Moien en Energiedësch decidéiert huet an u konkrete Mesurë schafft, fir de Leit an de Betriber mat deene méi héije Käschten ze hëllefen.

Den Energieminister geet dovunner aus, datt d’Präisser dëst an och dat nächst Joer op engem héijen Niveau bleiwen. De Claude Turmes. “Jo, well ee jo net kann aschätzen, bis wouhinner de Putin an der Ukrain Misär mécht. Mir mussen eis elo op all dat astellen, mä eis Versuergungssécherheet ass garantéiert. D’Präisser kënnen elo relativ extrem ginn an dofir wäerte mer och an deenen nächsten Deeg an deem Beräich konkret Moossname virschloen.”

D’Gaspräisser hu sech iwwert déi lescht Méint verduebelt, seet de Claude Simon, de Chef vum Departement fir d’Vente vun der Energie bei Enovos. Hie confirméiert, datt ee sech weider op héich Präisser muss astellen. “Aktuell gesi mer, wa mer op d’Mäert kucken, datt deen héije Präisniveau och nach fir déi nächst Méint do steet. Dat heescht, et kann een dovunner ausgoen, datt de Präis déi nächst Méint op deem Niveau bleift.”

Déi geopolitesch Situatioun wäert op alle Fall net zur Entspanung um Energiemaart bäidroen, esou de Claude Simon, dee präziséiert, datt an de leschten zweet Méint ongeféier 25 Prozent vum Gas, deen hei an der Regioun verbraucht gouf, aus Russland koum. D’Hallschent koum aus Norwegen oder Holland an dann nach e weidere Véierel flëssegen Äerdgas, dee mat grousse Schëffer heihinner bruecht gouf.

Eng Situatioun déi den Energieminister Claude Turmes fir dëse Wanter optimistesch stëmmt: “Mir hu genuch Flësseggas, deen iwwer Schëffer an Europa kënnt. Mir hunn nach eng gewësse Reserv an de Gasspäicheren, mir hunn och e relativ mëlle Wanter an dat alles hëlleft eis, fir dëse Wanter op de sécherer Säit ze si beim Gas. Fir Lëtzebuerg: mir sinn an engem Lëtzebuerger-belsche Gasmarché. Mir gi beliwwert aus der Belsch, iwwer Pipelinen, déi kommen aus Norwegen, déi kommen aus Holland an zu Zeebrugge, op der belscher Küst, steet ee vun de gréissten Terminale fir Schëffer mat Flësseggas. Dee Gas kënnt natierlech och bis op Lëtzebuerg, esou dass mer do ganz gutt opgestallt sinn.”

Den nächste Wanter, ënnersträicht den Energieminister, mussen d’Gasspäichere vun Ufank u gefëllt sinn. Dodru géif een elo schaffen.

Energiedësch

E war vum Premier annoncéiert ginn, e Méindeg kënnt e beieneen: den Energiedësch, deen um Freideg am Regierungsrot preparéiert gouf.

D’Regierung setzt sech deemno zu Senneng e Méindeg mat de Vertrieder vun der Energie-Branche beieneen, fir iwwert Mesuren ze schwätzen, wéi d’aktuell héich Präisser vu Brennes, Sprit, Gas an Stroum kënnen finanziell ofgefiedert ginn.

Der CSV geet d’Annonce vum Energiedësch net duer: d’Fraktioun freet um Freodeg an engem Bréif un de Chamberpresident, datt d’Regierung direkt nom Energiedësch an d’Chamber kënnt, fir z’erklären, wéi Betriber a Stéit sollen ënnert d’Äerm gegraff kréien.

Konkret gefrot gëtt eng Reunioun vun de Kommissiounen fir Budget a Finanzen grad wéi fir Klima, Ëmwelt, Energie a Landesplanung.

Back to Top
CIM LOGO