Pneu futti geschossAutomobilist zu Villerupt entzitt sech Policekontroll a flücht Richtung Lëtzebuerg

RTL Infos
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
En Automobilist zu Villerupt huet en Dënschdeg bei enger Course poursuite e Policewon beschiedegt an ass Richtung Lëtzebuerg geflücht, obwuel Beamten e Pneu vum Auto futti geschoss hunn.
© KLAUDIA RADECKA/NurPhoto via AFP

Wéi franséisch Medie mellen ass zu Villerupt en Dënschdeg an der Mëttesstonn eng Patrull vun der Police op en Automobilist opmierksam ginn, deen ouni Sécherheetsgurt ënnerwee war. Wéi d'Beamten de Chauffer iwwerpréiwe wollten, huet dëse sech der Kontroll entzunn a Gas ginn.

Hien ass mat bis zu 80 km/h a Richtung Audun-le-Tiche geflücht, wäit iwwer der erlaabter Limitt vu 50 oder deels souguer 30 km/h. En Accident mat engem Motocyclist gouf dobäi knapp evitéiert.

D'Police konnt de Fluchtauto um Rond-point du Moulin zwar fir kuerz Zäit stoppen, mee wéi d'Beamten aus hirem Gefier erausgeklomme sinn, ass de Chauffer no hanne gefuer an huet dobäi de Policewon beschiedegt. An dësem Chaos huet ee vun de Polizisten op d'Pneue vum Gefier geschoss.

Trotz engem Platten ass et dem Automobilist gelongen, Richtung Lëtzebuerg ze flüchten. Glécklecherweis goufe keng Persoune blesséiert.

De gesichte Chauffer ass nach ëmmer op der Flucht, d’Police huet awer d'Immatrikulatioun vum Gefier a sicht aktiv weider.

E Vertrieder vun der Policegewerkschaft Alliance huet géintiwwer "Ici Lorraine" erkläert, datt zënter Ufank vum Summer ëmmer méi Leit an der Regioun Pays Haut refuséieren, de Consignë vun der Police nozekommen.

Back to Top
CIM LOGO