CGDISDräi Blesséierter no Accidenter e Mëttwochmoien, Auto an Taxi renne virum Fluchhafen aneneen

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun e Mëttwochmoie koum et uechter d'Land zu dräi Accidenter op ënnerschiddleche Plazen.

Um 7:40 Auer koum et zu Esch op der Héicht vun der Jonctioun Lankelz zu engem Accident mat zwee Gefierer, bei deem ee vun den Autoen op der Kopp louch. Zwou Persoune goufe blesséiert, am Asaz waren d'Secouristen an de Samu vun Esch a Schëffleng.

Kuerz no 10 Auer gouf dann eng Persoun verwonnt, wéi um Chemin de Brouck zu Rodange en Auto an e Motorrad aneneegerannt sinn. D'Péitenger an Escher Secouriste waren am Asaz, genee wéi och de SAMU aus der Stad.

Bal zäitgläich koum et op der N1 um Findel, net wäit vum Fluchhafen zu engem Accident tëschent engem Auto an engem Taxi. Den Taxi ass bei der Kollisioun an eng rout Luucht gerannt an huet de Potto dobäi ëmgerappt. Wéi eis d'Police op Nofro matdeelt, wieren insgesamt véier Persounen am Accident implizéiert gewiescht, an d'Spidol huet missen awer kee vun hinnen.

Back to Top
CIM LOGO