Futtball-Championnat: BGL LigueBiissen start mat dräi Punkten an d'Saison, Ausruffzeeche vu Stroossen

Jeff Birsens
De frësche Champion Biissen huet sech duerch zwee Goler vum Roman Ferber géint Diddeleng duerchgesat a feiert domat ee gelongenen Optakt an déi nei Saison.
De Roman Ferber huet en Dënschdeg den Owend zwee Goler géint Diddeleng geschoss.
© Roland Miny / pressphoto.rtl.lu

En Dënschdeg den Owend stoungen an der BGL Ligue déi zwou lescht Partië vum 1. Spilldag um Programm.

Den FC Atert Biissen ass mat enger 2:0-Victoire géint den F91 Diddeleng an déi nei Saison gestart. De Champion aus der leschter Saison war no nëmmen aacht Minutten duerch e Gol vum Roman Ferber, no enger preziser Flank vum Zeghdane, a Féierung gaangen. Duerno huet d'Lokalekipp hanne quasi näischt zougelooss an huet gläichzäiteg weider geféierlech no vir gespillt. An der 61. Minutt ass dann de laang iwwerfällegen 2:0 gefall. No engem Feeler am Strofraum vum Diddelenger Gavioli um Ferber ass de Belsch selwer vum Eelefmeterpunkt ugelaf an huet sécher fir Biissen erhéicht. Diddeleng huet sech schwéier gedoen, iergend eng Äntwert ze fannen. Biissen huet d'Féierung sécher erofgespillt a kann um Enn eng méi wéi verdéngt Victoire feieren.

D'UNA Stroossen huet da fir den Optakt vun der neier Saison Victoria Rouspert en Dënschdeg den Owend doheem mat 4:0 iwwerrannt. D'Haushäre vu Stroossen haten ee Blëtzstart erwëscht a louchen duerch d'Goler vum Kino Delorge, Nicolas Perez an Omar Natami schonn no 20 Minutte mat dräi Goler a Féierung. Duerch ee weidere Gol vum Perez stoung et fir d'Paus souguer scho 4:0. Nom Säitewiessel huet d'UNA dann e puer Gäng zréckgeschalt an d'Zäit eroflafe gelooss. Um Enn steet e Stroossener Ausruffzeeche fir den Optakt.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Weider Artikele vum 1. Spilldag

Back to Top
CIM LOGO