Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den CSV-Spëtzekandidat a -Fraktiounschef Claude Wiseler. Seng Aussoen hu fir vill Reaktioune gesuergt.
D'ADR wéilt gäre mat der CSV ... d'CSV wëll awer net mat der ADR. "Sou wéi d'ADR haut do steet, wéi se haut ass, kënnt se net fir eis als Koalitiounspartner a Fro." Dat sot e Méindeg de Moien de Claude Wiseler, hie war den Invité vun der Redaktioun. Ze vill Fundamentales géif déi zwou Parteien trennen - ugefaange bei der Europapolitik bis hin zu Sujete wéi Integratioun an Immigratioun.
A Frankräich hu bei de Parlamentswahlen déi etabléiert Parteien, "gauche" an "droite", verluer. Heiheem géif neierdéngs och gäre probéiert ginn, d'Politik an zwee Lageren anzedeelen, fënnt de Claude Wiseler: Blo-rout-gréng op där enger Säit an d'CSV an d'ADR op där anerer Säit. Dat gefält dem CSV-Spëtzekandidat awer guer net. Hie fënnt dat net nëmme parteipolitesch falsch, mä och allgemeng e politesche Feeler.
Dat wär net esou, wéi mer sinn hei zu Lëtzebuerg, sou de Claude Wiseler. Hei géif ee Kompromësser agoen. Déi Andeelung "gauche/droite" hei am Land wëll de Claude Wiseler net matmaachen.
D'ADR ass iwwert déi Ausso net frou, de Joé Thein schonn an den Alex Bodry (LSAP) twittert vun engem neien Taktik-Manöver vun der CSV ...
D'CSV koum am leschte Politmonitor an der Sonndesfro jo op 29 Sëtz an der Chamber a gëllt dohier elo schonn als Favoritt fir d’Chamberwahlen am Oktober 2018.
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser reagéiert e Méindeg an der Mëttesstonn op Facebook op d'Aussoe vum Claude Wiseler. Hie mécht dat a sengem perséinlechen Numm, betount de Fernand Kartheiser, net an deem vun der ADR.
Sollt d'ADR gestäerkt aus de Chamberwahlen erausgoen an d'CSV géif vu vir eran net wëlle mat hir schwätzen, da wier dat de Wielerwëllen net respektéiert, esou de Fernand Kartheiser.
D'CSV géing mat esou Aussoen dann och beweisen, datt se net fir e Politikwiessel steet an net vill anescht ass ewéi Blo-Rout-Gréng.
De Claude Wiseler wéilt kee Riets/Lénks-Schema well d'CSV eng Mëtt-Lénks-Partei wier.
D'ADR wier dann och net do, fir der CSV ze hëllefen, fir eng Majoritéit ze kréien.
Wann de Wieler d’ADR sollt stäerken, d’CSV keng absolut Majoritéit hätt an d’ADR weider wéilt ignoréieren, da kéint ee sech och aner Optioune virstellen, esou nach de Fernand Kartheiser op Facebook.
Och d'ADR-Partei ass not amused iwwer dem Claude Wiseler seng Koalitiouns-Previsiounen op eiser Antenne. Dat gëtt d'ADR an engem Communiqué ze verstoen.
D'CSV steet net fir e politesche Wiessel an de Claude Wiseler géif dat elo ëffentlech zouginn. D'ADR reagéiert domadder op d'Ausso vum CSV Spëtzekandidat am RTL-Interview, dee gesot hat, d'ADR vun haut wier no den nächste Chamberwahlen keng Optioun fir d' CSV.
Den Nico Graf huet mam ADR-President Jean Schoos iwwer dee Communiqué geschwat a seng éischt Fro, wéi eng Optiounen et fir d'ADR géif ginn.
No de Wahlen, wann ee weess, wie wéi vill Stëlle kritt huet, ergi sech bestëmmt e puer Méiglechkeeten, wéi déi awer genau ausgesinn, kann de Jean Schoos net soen. Mat wiem si an d'Koalitioun kéinte goen, wëll de Jean Schoos net soen. Hie géif d'Haut eréischt verdeelen, wann de Bier och erluecht wier. An England huet ee jo gesinn, wéi séier sech de Wielerwëllen ännere kann, dowéinst géif de Jean Schoos sech och nach zwee Méint virun de Wahlen virsiichteg äusseren. Dowéinst war den ADR-Parteipresident och ganz erstaunt iwwert d'Ausso vum Claude Wiseler, well de Mann vun der CSV elo scho wéist, wéi de Wielerwëllen 2018 ze interpretéiere wier. Wann nämlech d'ADR an d'CSV gewannen, wier dat eng Optioun, iwwer déi een nodenke misst.