
Den Delai leeft nach bis den 12. Abrëll. D’Bank goung de leschten Oktober a Liquidatioun. Deemools wieren nach ronn 1.200 Comptes courants, respektiv Spuerkonte bei der Bank op gewiescht, esou de Liquidateur vun der Fortuna. Aus dem Urteel iwwert d’Liquidatioun geet ervir, datt d’Clienten e Mount virun der Liquidatioun nach Depoten an Héicht vun 38,3 Millioune bei der Bank haten, mee schonn ugefrot haten, fir 25,7 Milliounen Euro dovun ze transferéieren.
De Garantiefong fir Bankdepoten FGDL, dee vun alle Banken op der Finanzplaz gespeist gëtt, garantéiert Depote bis zu 100.000 Euro pro Persoun.
RTL-News: CSSF: D’Fortuna-Bank gëtt elo definitiv liquidéiert
Dat ganzt Schreiwes mam Rappell vun der CSSF.