CSSFD‘Fortuna-Bank gëtt elo definitiv liquidéiert

RTL Lëtzebuerg
D‘Bank hat jo am Summer zejoert annoncéiert, hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg no ronn engem Joerhonnert ze stoppen.

Wéi d’Bankenopsiicht CSSF um Donneschdeg schreift, huet dat Stater Bezierksgeriicht en entspriechend Urteel gesprach.

De Fonds de garantie des dépôts Luxembourg (FGDL) indemniséiert eligibel Clienten bis zu engem Montant vun 100.000 Euro.

Iwwert de Système d’indemnisation des investisseurs Luxembourg (SIIL) kënnen och verschidden eligibel Clienten hir Fuerderunge bis 20.000 Euro zeréckbezuelt kréien. Wéi een SIIL kontaktéiere kann a wat d’Konditioune sinn, gëtt een an dësem Communiqué vum Freideg gewuer.

Back to Top
CIM LOGO