All zweete Patient positiv getestCluster an der Rééducation gériatrique vum Stengeforter Spidol

RTL Lëtzebuerg
18 vu 40 Patiente vum Service Rééducation gériatrique vum Stengeforter Spidol sinn den Ament no engem positiven Test op de Coronavirus an Isolatioun.

Dat huet d’Direktioun op Nofro hi confirméiert. D’Patiente wieren allerdéngs asymptomatesch. D’Visitte sinn zënter dem leschte Méindeg gestoppt. Och de sougenannte Plateau de rééducation funktionéiert den Ament net. D’Patiente géifen awer weider hir individuell Soinen an hiren Zëmmere kréien.

Wéi de Virus sech esou massiv konnt an hirem Haus verbreeden, kann d’Direktioun sech net richteg erklären. Si hofft, dass den Héichpunkt vun der Infektiounswell elo iwwerschratt ass. All Dag géifen d’Personal an d’Patiente getest ginn.

D’Rééducation gériatrique vum Stengeforter Spidol huet 40 Better. Hei kréie Persounen iwwer 65 Joer d’Méiglechkeet ugebueden, fir no engem gesondheetleche Problem duerch geziilten Therapien nees op d’Been ze kommen. Déi duerchschnëttlech Openthaltsdauer läit bei 30 Deeg. De Service schafft enk mam Centre hospitalier zesummen.

Wéini d’Visitten nees erlaabt kënne ginn, ass bis ewell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO