
Dat hunn déi zwou Plattforme Votum Klima an Meng Landwirtschaft en Donneschdeg op hirem „Vitaminéierten Neijoerschpatt“ betount. D'Kris an der Biodiversitéit géing een och hei am Land ëmmer méi spieren, erkläert d'Laure Cales Coordinatrice vun der Plattform Meng Landwirtschaft.
„Besonnesch eben am oppene Land. D'Landwirtschaft dréit do schonn hiren Deel dozou bäi. Do ginn d'Zuele vun de Vullen zum Beispill dramatesch erof, all Joer gi verschidde Bestänn ëmmer méi kleng. D'Brongbrëschtchen ass zum Beispill ausgestuerwen a mir géifen eis wënschen, dass dat méi eescht geholl gëtt an dass d'Landwirtschaft, an d'Klimapolitik an och d'Biodiversitéit nees zesumme geduecht ginn an net méi eenzel vuneneen.“

Ganz aktuell wär elo och déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik, wou geschwënn nees e neie Plang fir 2021-2027 presentéiert gëtt. Do wär et ebe ganz wichteg, dass de Klima- an Ëmweltschutz matgeduecht gëtt, dass vill méi ambitiéis geschafft gëtt an dass eng Ëmverdeelung vun de Gelder stattfënnt, fir dass d'Baueren och dës Konditioune kënnen erfëllen an dofir finanziell entschiedegt gi fir kënnen z'iwwerliewen.
Fir d'Plattform Votum Klima läit d'Haapterausfuerderung fir Lëtzebuerg doranner, sou séier wéi méiglech den CO2-Ausstouss effikass ze reduzéieren. Si hu konkret Fuerderungen un d'Regierung, de Raymond Aendekerk:
„Ganz kloer: den ëffentlechen Transport muss ausgebaut ginn. Dat heescht op der anerer Säit d'Reduzéiere vum Individualverkéier mat den Autoen. Da musse mer och eng Léisung fir den Tanktourismus fannen an do musse mer mat eisen Nopeschlänner kucken, wéi mir eis do verhalen. Wa mir elo hei de Präis eropsetzen, dann hu mir nach net onbedéngt CO2 agespuert, well se dann am Ausland erëm weider tanken. Dat ass eigentlech déi grouss Haaptfuerderung: e gesamte Paradigmewiessel an eiser Ekonomie, wou mer insgesamt, och an Europa, spréch neie „Green Deal“ vun der EU-Kommissioun zu manner Transport op der Strooss kommen an dass mir vill méi regional Ekonomien entwéckelen.“
