LiewensmëttelsécherheetColruyt rifft Choucroute zeréck
Well an der "Choucroute de Champagne-Ardenne à la graisse d’oie" Metallstécker kéinte sinn, rifft Colruyt Luxembourg de Produit zeréck.
Verëffentlecht: 10.12.21 13:37, Update: 10.12.25 14:19
Eng Mark gëtt fir dat betraffent Produkt net genannt, et concernéiert awer de 600-Gramm-Pak mam Consommatiounsdatum 14/01/2022. D'Artikelnummer ass d'277385.
Bei dem Produkt besteet en Erstéckungsrisiko a Blessuren am Verdauungssystem, wa Metallstécker matgiess ginn.
All Informatiounen zum Produit kënnt Dir och hei fannen.