Ëmweltverwaltung/LISTConfinement huet Impakt op d'Ëmwelt, d'Klima an op d'Wieder

Monica Camposeo
Zanter 5 Wochen ass quasi all Beräich erof gefuer. Manner Autoen op de Stroossen a bal keng Fligeren am Himmel.
Confinement huet Impakt op d'Ëmwelt, d'Klima an op d'Wieder
Zanter 5 Wochen ass quasi all Beräich erof gefuer. Manner Autoen op de Stroossen a bal keng Fliger am Himmel.

Confinement huet Impakt op Ëmwelt / Reportage Dany Rasqué

Fir eis Ëmwelt ass dat schonn eng kleng Paus, fir sech ze erhuelen. Ma dat huet awer net nëmmen en Impakt op d'Loftqualitéit, mä och op d'Wierder-Previsiounen an op d'Klima-Fuerschung. Mir hunn nogefrot, wéi déi éischt Resultater vum Confinement op d'Ëmwelt ausfalen.

Do wou nach viru 5 Woche vill Verkéier war, sinn d’Emissiounen duerch de Confinement natierlech erofgaangen. Duerch de „Bleif doheem“ konnt sech virun allem d’Loftqualitéit punktuell verbesseren.

Den David Glod vun der Ëmweltverwaltung:„Wa mer elo zum Beispill d’Wäerter vum Feinstaub kucken, iwwer déi lescht puer Méint a mir vergläiche mam leschte Joer, da sinn dat keng substanziell méi niddreg Wäerter. Dat heescht, déi Hannergrond-Pollutioun vum Feinstaub ënnert anerem, déi ass nach ëmmer do.“

Virun allem, dierft een sech elo net op de gespuerten Emissiounen ausrouen: „Et ass virun allem dat, wat mir musse vermeiden, dass mer elo Réckschléi kréien oder dass mir zeréck an déi al Gewunnechte falen an da soen, aner Prioritéite gi fir a fir d’Klima wieren den Ament d’Moyenen net do oder dat wier net prioritär. Well dat bréngt mat sech, dass mer nees an eis al Schemaen falen an d’Geleeënheet net notzen, eis nei opzestellen.“

Eng Geleeënheet wier zum Beispill den Télétravail, duerch deen de Verkéiersproblem kéint verbessert ginn.

De Confinement huet dann och en Impakt op d’Wiederprevisiounen. Dat well den Ament déi meeschte Fligeren um Buedem sinn an doduerch vill Donnéeën, déi normalerweis aus der Atmosphäre matgedeelt ginn, feelen. D‘Previsioune ginn doduerch méi ongenau.

Nach wier dësen Impakt net grav, ma kéint awer zu gewësse Problemer féieren, sou den Dr. Laurent Pfister, Hydrolog beim LIST: „Do kann een ee Beispill ginn: d’Previsioun vun extreme Wiederphenomener, dat kënnen Tornadoen, Hurricanes an sou sinn. Déi Previsioune liewe reegelrecht vun deene ganz kuerzfristege Miessungen, déi an der Atmosphäre gemaach ginn, eben och an der Aviatioun.“

D’Klimafuerschung baséiert virun allem op laangfristeg Miessungen. Ma wéinst de Restriktiounen, sief et fir ze reesen oder ze schaffen, kéint et awer och zu Verloschter vu wichtegen Donnéeë kommen:„Et weess jo den Ament nach keen, ob et dëst Joer, sief et bei eis oder op anere Plazen, zu extremen Ereegnesser kënnt. Mä wann dann d’Infrastruktur net leeft oder nëmmen deelweis leeft, da riskéiert ee vill ganz wichteg Informatiounen ze verléieren an dann natierlech och déi ganz Statistiken, déi dorobber opgebaut sinn.“

Den Impakt vum Confinement op eis Ëmwelt huet deemno verschidde Perspektiven. Fir ze soen, wéi een Impakt dës "Verschnaufpaus" allgemeng op de Klimawandel huet, wier et nach ze fréi. Vill méi wichteg wéi 5 Woche Stëllstand, bis elo, wier awer e konsequenten an nohaltege Strukturwandel no der Kris.

Back to Top
CIM LOGO