Invité vun der Redaktioun (31. Januar)Corinne Cahen iwwer déi schwiereg Sich no Flüchtlingsfoyeren

RTL Lëtzebuerg
Invité um Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war d'Integratiouns- a Familljeministesch Corinne Cahen. Thema war d'Flüchtlingspolitik.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Corinne Cahen (31. Januar)
Invité um Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war d’Integratiouns- a Familljeministesch Corinne Cahen.

Eng Quotereegel, fir Demandeurs d’asile op d’Gemengen am Land opzedeelen, géif iwwerhaapt näischt änneren, dat sot d’Integratiounsministesch Corinne Cahen en Dënschdeg de Moien als RTL-"Invitée vun der Redaktioun”.

D’CSV hat déi viru Kuerzem nees an d’Spill bruecht. D’Accueilstrukturen am Land stousse bekanntlech un hir Limitten, ënnert anerem dowéinst huet d’Regierung jo decidéiert, fir Persounen, déi net zu Lëtzebuerg bleiwe kënnen, net méi an de Foyeren, mä an der Luxexpo ënnerzebréngen, bis se heem geschéckt ginn.

D’Regierung wier permanent am Gaang, nei Foyeren ze sichen. Ma dat ass alles anescht wéi einfach.

Och mat enger Quot kéinten net direkt nei Strukturen opgoen, sou d’Corinne Cahen. Och do kéinte Bierger Recours maachen.

Virun allem awer wier et vill gehollef, wann d’Gemengen deenen 800 Leit hëllefen, eng Wunneng ze fannen, déi u sech de Flüchtlingsstatut hunn, mä am Foyer hänke bleiwen.

D’Reprochë vun déi Lénk, notamment d’Regierung géif dat individuellt Recht op Asyl a Fro stellen, léisst d’Corinne Cahen net gëllen. Si géif kengem dat Recht ofschwätzen.

D’Corinne Cahen

Wann een deene Leit, déi an enger Asylprozedure sinn, hëllefe wëll, misst ee sech och d’Moyene ginn, déi, déi kee Recht op Asyl hunn, zréckzeschécken, sot d’Corinne Cahen.

Et misst een iergendwou Reegelen hunn, soss géif dat ganzt - Zitat - “natierlech ausaarten”, sou d’Integratiounsministesch.

Invité um Dënschdeg de Moien um 10 op 8 war d’Integratiouns- a Familljeministesch Corinne Cahen. Thema war d’Flüchtlingspolitik.

D’Regierung mécht jo verschidden Adaptatiounen an der Flüchtlingspolitik während d’Strukturen definitiv un hir Limitte stoussen. An der Luxexpo solle just nach Persounen ënnerkommen, déi net am Land bleiwe kënnen. De Primo-Accueil iwwerdeems soll an der Logopedie an der Stad assuréiert ginn. Mir hunn en Dënschdeg de Moie mat der Integratiounsministesch iwwert déi schwiereg Gestioun um Terrain, d’Capacitéite vun de Strukturen a wéi et a Punkto Integratioun vun deene Flüchtlingen, déi bei eis bleiwen, ausgesäit, geschwat. D’Corinne Cahen war eis Invitée vun der Redaktioun. Hei driwwer dee ganzen Interview.

Invitée Corinne Cahen: Resumé Carine Lemmer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO