Invité vun der Redaktioun (20. Juni)Corinne Cahen iwwer d'Flüchtlingssituatioun zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun: Corinne Cahen
D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen. De Sujet war d'Flüchtlingspolitik.

Et ass trotz allem eng grouss Rou agetratt, dat sot en Dënschden de Moien d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen iwwert den Accueil vu Flüchtlingen an Demandeurs d'asile zu Lëtzebuerg. Et hätt een den Accueil relativ gutt geréiert, fënnt d'Ministesch.

Den Ament si ronn 2.750 Leit an de Foyeren vum OLAI logéiert. Dat sinn der liicht manner wéi nach Uganks des Joers an entsprécht enger Beleeung vu 75 Prozent.

D'Corinne Cahen

Nom Primo-Accueil ginn den Ament verstäerkt Efforten an der Integratioun gemaach, sou d'Ressortministesch.

Dat Allerwichtegst vun der Aarbecht wier, datt d'Leit eis Sprooch an eis Gesellschaft kenneléieren. Fir den Hierscht soll an deem Kontext de sougenannte "plan d'intégration" ëmgesat ginn. Hei sollen nieft den éischten 100 Wierder Lëtzebuergesch och Informatiounen iwwert de Fonctionnement vun eiser Demokratie oder eisem Gesondheetssystem zum Beispill vermëttelt ginn.

Deen éischten Integratiounscours ass obligatoresch fir all déi Persounen, déi eng Demande op international Protektioun zu Lëtzebuerg maachen. D'Course sollen am ganze Land an de Foyeren also sur place organiséiert ginn.

D'Invitée vun der Redaktioun en Dënschden um 10 op 8 war d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO