
Eng Frontalkollisioun konnt verhënnert ginn. Wéi d'Polizisten de Chauffer zur Ried stelle wollten, huet dëse Vollgas ginn an ass mat iwwer 100 km/h a Richtung Péiteng geflücht. Et koum zu enger Course-poursuite an de Chauffer konnt kuerz drop gestoppt ginn.
Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäin gouf nach op der Plaz agezunn.
Géint 22.30 Auer gouf en Accident op der B7 gemellt, an der Sortie Angelduerf, wann ee vu Süden erop fiert. Hei ass eng Automobilistin mat hirem Gefier an eng Leitplank gerannt, grad ewéi an e puer Verkéiersschëlder. Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, war d'Automobilistin net méi do, konnt awer kuerz drop ugetraff ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.
